Konzentréiert Dir Iech op Äre Business, mir këmmeren eis ëm d’Comptabilitéit.
Op Dir eng Geschäfts- oder Privatpersoun sidd, mir këmmeren eis ëm Är Steiererklärung.
Vertraut engem zouverlässege Partner mat méi wéi 60 Joer Erfarung an der Branche. De Comptabilitéitsbüro Gilbert Bernabei & Fils begleet Iech bei der Kreatioun vun Ärer Societéit a këmmert sech ëm Är Comptabilitéit, d’Gestioun vun Äre Salairen an ëm all steierlech an administrativ Erausfuerderungen.
Wëllkomm bei Gilbert Bernabei & Fils
Mir sinn hei fir Iech a sëllege Beräicher ze hëllefen
Eise Büro proposéiert Iech all Service vun A bis Z. Vun der Kreatioun vun Ärem Betrib, iwwer d’alldeeglech Gestioun vun Ärer Comptabilitéit, bis hin zum Suivi vun de Paiziedelen an d’Begleedung bei der Affiliatioun an der Redaktioun vu Kontrakter. Loosst Iech vu Spezialiste begleede fir d’administrativ Gestioun vun Ärer Societéit a konzentréiert Dir Iech op Äre Business.




Eis Servicer
Wat mir ubidden
Säit senger Grënnung, am Joer 1962, vum Gilbert Bernabei, huet eise Comptabilitéitsbüro ëmmer op eng individuell Aart a Weis mat all eenzele Cliente geschafft.
Vu, datt et sech bei eis ëm e Familljebetrib handelt, dee säit 3 Generatioune weidergefouert gëtt, fleege mir en enke Kontakt mat eiser Clientèle a kënnen Iech all Servicer vun A bis Z ubidden an dës individuell un Är Besoinen upassen.