Salaire

D’Personalwiesen ass e grondleeënde Pilier fir d’Reussite vun engem Betrib a sengen Aktivitéiten.
Eng gutt Gestioun vum Personalwiesen an Ärer Societéit ass also liewesnoutwenneg fir d’Funktionéiere vun all anere Servicer, esou wéi fir d’Reussite vun all de Projeten an Aktivitéite vum Betrib.

Gestion salaires, Rédaction contrat, Rémunérations avantages, Sécurité sociale, Droit du travail, Demande d'aides

D’Sozialsekretariat

Dank eiser kompletter Betreiung kënnen eis Clienten all hir Efforten op aner essentiell Aspekter vun der Gestioun vun hirem Betrib konzentréieren.

Mir kennen de Code du Travail genee a mir stelle sécher, datt all Ufuerderunge komplett erfëllt ginn. Doriwwer eraus behandele mir all d’Aspekter vun der Gestioun vun de Paien, dem Personalwiesen an de perséinlechen Date mam héchste Grad u Vertraulechkeet.

Eis Begleedung op Mooss

Zu eise Servicer am Beräich vum Personalwiesen zielen d’Opsetze vun Aarbechtskontrakter, déi noutwendeg Aktualiséierungen an d’Kënnegungsdokumenter. Bei der Gestioun vun de Salairë beroden an iwwerwaache mir d’Remuneratiounen, d’Ausbezuelungen an d’sozial Avantagen. Eis laangjäreg Experienz erméiglecht et eis an deene komplexste Situatiounen einfach anzegräifen z.B. bei der Uwendung vu verschiddene Reegelunge bei gëllenden Tarifverträg, d’Gestioun vum Congé a Krankeschäiner, esou wéi d’Demande fir staatlech Hëllefen.

Mir wëssen, datt all Betrib seng eege Besoinen huet wat d’Gestioun vun de Salairen a vum Personalwiesen ugeet. Jee no Prioritéiten a Gréisst vun Ärem Betrib entlaascht eis moossgeschneidert Ënnerstëtzung Iech andeems mir eis ëm déi lästeg Aufgabe këmmeren a sou d’allgemeng Gesondheet vun Ärem Betrib optiméieren.

An dëser Landschaft, déi ëmmer méi komplex gëtt, kënnen eis Spezialisten Iech an Ärer Ekipp hëllefen Är Interessevertriedung ze schützen a gläichzäiteg all Ufuerderunge vun de Reglementatiounsorganismen ze respektéieren, iwwerdeems, datt mir eis weider drop konzentréieren Iech viru Risken ze schützen, deenen Dir Iech aussetzt bei der Astellung vu Personal.

Eis individuell, spezialiséiert Berodungen

Dir wëllt weider Informatiounen zu eise Servicer? Kontaktéiert eis!