Comptabilitéit
Zu Lëtzebuerg sinn d’Betriber obligéiert hir Comptabilitéit ze féieren, onofhängeg vun hiren Handelsaktivitéiten. Fir kommerziell an industriell Gesellschafte beinhalt dat all Operatioune vum Betrib: Besëtz, Rechter, Scholden, Obligatiounen an Engagementer…
D’Féierung vun der Comptabilitéit an d’Opsetze vun engem Bilan
All d’Operatioune ginn a chronologescher Reiefolleg enregistréiert, esoubal d’Informatiounen agereecht goufen
- Joresofrechnungen: Bilan, Kont vun de Gewënner a Verloschter, standardiséierte Konteplang
- Steiererklärung an TVAs-Erklärung
- Inventaire
- Iwwerpréifung vun all den Operatiounen
Wichtegkeet vun engem zentraliséierten a strenge Suivi
All d’Operatioune gi komplett an zouverlässeg notéiert. D’Enregistréiere geschitt den Datumen no, entweder an engem Journal, oder an engem System vu spezialiséierte Journallen nom Zwee-Parteien-Prinzip. Am leschte Fall ginn all déi Informatiounen, wou an déi spezialiséiert Journallen agedroe goufen, mat de Konten, an engem zentrale Journal zesummegefouert.
Mir begleeden Iech fir d’Besoine vun Ärem Betrib aschätzen ze kënnen:
- Organisatioun vun der Comptabilitéit
- Virbereedung vun der Comptabilitéit
- Steiererklärungen, Steieren, TVA…
- Analys vun der Situatioun
Eis spezialiséiert Servicer
- D’Féierung an d‘Préifung vun der Comptabilitéit
- D’Opstellung vu järlechen Ofrechnungen a Finanzbilanen
- D’Virbereedung vun der Steiererklärung, TVAs-Erklärung…
- D’Virbereedung vu Finanzéierungsënnerlagen, d’Opstellung vu Prognosendokumenter, d’Analys vum Cashflow
- D’Estimatioun vun der Besteierung, d’Revue vum Bilan, vun de Verbindlechkeeten an dem Verméige vun der Gesellschaft