Grënnung vum Betrib

D’Grënnung vun engem Betrib ass eng grouss Erausfuerderung, déi eng grëndlech Planifikatioun erfuerdert. Fir säi Projet ëmzesetzen, muss den zukünftege Patron seng Entscheedungen a Choixen, ënnert der Berécksiichtegung vu legalen, steierlechen a soziale Contrainten treffen, ouni dobäi seng eegen Ambitiounen ze vergiessen.

Création d'entreprise, choix forme juridique, demande d'autorisation d'établissement, ouverture compte bancaire professionnel, immatriculation aux organismes

Déi eenzel Etappe bei der Grënnung vum Betrib

Fir dëse Projet erfollegräich ëmzesetzen, mussen d’Grënner déi eenzel Etappe vun der Kreatioun vun engem Betrib berécksiichtegen. Fir Hëllef oder Rotschléi bei der Grënnung vun engem Betrib oder beim Choix vun der Rechtsform ze kréien, musst Dir begleet ginn.

Hei fannt dir déi néideg Etappe fir Är Aktivitéit zu Lëtzebuerg ze starten.

Wichteg Punkten iwwert déi een am Viraus iwwerleeë sollt

D’Tätegkeet kann entweeder als Eenzelbetrib (Independant) oder als Handelsgesellschaft (société commerciale) ausgeüübt ginn. Bei den Handelsgesellschafte kann et sech ëm Kapitalgesellschaften, Persounegesellschaften oder ëm en Hybrid vun deenen zwee handelen. D’Responsabilitéit hänkt vum Typ vun der Gesellschaft of.

Lëtzebuerg bitt eng grouss Vilfalt u potenzielle Strukture fir et den Entrepreneuren ze erméiglechen déi „forme juridique“ ze fannen déi am Beschten zu hiren Erwaardungen an den Erwaardunge vun hiren Investisseure passt.

Eis individuell, spezialiséiert Berodungen

Dir wëllt weider Informatiounen zu eise Servicer? Kontaktéiert eis!